Radioen

On air

Am Buedmantel  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Neie Lëtzebuerger Sound an Enslaved

Neie Lëtzebuerger Sound an Enslaved

on the headlines

Mindpatrol

Eis Lëtzebuerger Kollege vu Mindpatrol hunn demnächst en neien Album um Start. Vulture City kënnt den 9. Dezember eraus an dës Woch gouf et déi éischt Single dovun, wéi gesot, mat passendem Video, deen dir duerno och am Artikel vun der Sendung hei erëmfannt. Hei si Mindpatrol mat Her Dire Sacrifice.



Release vun der Woch: Enslaved - E (9/10)

Enslaved gehéieren zu deene Bands am Extreme Metal, déi scho vill Kritik hu missen astiechen, well si eben zu deene Bands gehéieren, déi iwwert d'Jore vill experimentéiert hunn, an d'Grenze vun hirem deemoolege Black Metal ëmmer méi wäit gepusht hunn. Am Géigesaz zu verschiddenen anere Bands hu si hir Wuerzelen awer ni vergiess an de schwaarzen Touch an hirer Musek ëmmer bäibehalen; an ebe vill Variatiounen dovunner ausprobéiert an de Mix mol méi hell, mol méi Däischter schwaarz gemaach.

Op hirem neisten Album, dee sech just E nennt an den 13. Oktober erauskomm ass, ass et den Norweger gelongen, alles wat si an de leschten 10 Joer gemaach hunn an engem straightforwarden an accessiblen, an trotzdem nach ëmmer epesche Mix ze vereenegen, deen a Punkto Sound awer ferm un hir reng Black Metal Zäit zu RIITIIR Zäiten erënnert.

Ganz gutt ass dobäi och den neie Bandmember Hakon Vinje ze héieren, dee mat senge verdreemten, psychedeleschen a gespenstege Background-Vocals e wonnerbare Kontrast zum Grutle Kjellson sengem Gekrächz duerstellt.



A quasi all vun deenen ëm déi 8 Minutte pro Lidd si propper awer verzwickte riffer präsent, déi sech trotzdem immens gutt als Hook maachen.. A voller intelligenter Lyrics, déi sech virun allem mat tëschemënschleche Bezéiungen ausernee setzen. Zesumme mat der musek entsteet aus dem Album E esou e Wierk, wat esou wuel kënschtleresch wéi och reng technesch op engem ganz héijen Niveau ass.

Et huet dofir och kee Wäert, een Highlight vum Album ervirzehiewen, well mat Stécker wéi Axis of the Worlds, mam zentrale Storm Son oder dem doomegen Hiindsiight jot am fong een Highlight den aneren. An deem lescht genanntene Stéck gëtt et iwwregens och eng weider experimentell Iwwerraschung

Sou ass E wuel en Album, dee souwuel treie Fans dierft gefalen, wéi och Metal Fans, déi d'Band nach net sou gutt kennen.. Mir lauschteren eis op alle Fall elo déi neiste Single vum Album un, hei sinn Enslaved mat The River's Mouth

Playlist

Ozzy Osbourne - Crazy Train

Godflesh - Post Self

Cannibal Corpse - Scavenger Consuming Death

Sorcerer - The Devils Incubus

Mindpatrol - Her Dire Sacrifice

Desdemonia - My Enemy

Enslaved - The River's Mouth

Cattle Decapitation - Circo Inhumanitas

Sorcerer - Crimson Cross

Ram - Incinerating Storms

Episoden