Konferenzen
Regentinnen hören auf, Frauen zu seyn, sobald sie den Thron besteigen
Kee verkierpert den éisträichesche Mythos méi, wéi d'Keeserin-Kinnigin Maria Theresia (1717-1780). Dëst net zulescht, well si als Fra vu siechzéng Kanner d'Herrschaft am Habsburger Haus hat. An hir schéngt sech weibleche Charme a männlech Energie zu héchster Vollkommenheet ze verbannen. Vu Voltaire iwwert de Leopold von Sacher-Masoch bis bei d'Elisabeth Badinter, déngt d'Maria Theresia als Projektiounsfläch fir ganz verschidde Fraebiller.
De Virtrag vun der Barbara Stollberg-Rilinger setzt sech mat dëse Biller auserneen. Ënnert anerem werft si och d'Fro op, wéi sech déi weiblech Herrschaft vun der Maria Theresia an déi deemoleg Geschlechteruerdnung agefüügt hat.
D'Konferenz vum 10. Januar 2018 an der Maison des Sciences Humaines um Campus Belval gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
D'Professorin Dr. Barbara Stollberg-Rilinger enseignéiert un der Uni Münster d'Fach "Geschichte der Frühen Neuzeit". Si ass ënnert anerem Member vun der Berlin-Brandenburgischen Akademie der Wissenschaften an Herausgeberin vun der Zeitschrift für Historische Forschung. 2017 krut si de Preis der Leipziger Buchmesse fir d'Buch, dat am Beck Verlag erauskoum, "Maria Theresia. Die Kaiserin in ihrer Zeit". (Foto: Carlo Link)
http://www.awk.nrw.de/pressemedien/detailansicht-presse/2017-03-27-prof-dr-barbara-stollberg-rilinger-mit-dem-preis-der-leipziger-buchmesse-2017-in-der-kategorie-sachbuchessayistik-ausgezeichnet.html?tx_ttnews%5BbackPid%5D=1&cHash=faaca196a48138b83bed730d3d733619