Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Watain & Autopsy

Watain & Autopsy

Watain

De gréissten Deel vu menger Museksammlung besteet aus Material, déi wuel kee Mënsch als Musek géif bezeechnen, déi ee lauschtere kann. Dat ass eng vun den Haaptaussoen vum Erik Danielsson, deen ech am Kontext vu Watain hirem neien Album am Interview hat, deen de 5. Januar well erauskënnt an Trident Wolf Eclipse heescht. Dobäi huet hie sech op all déi underground Black Metal Bands bezunn, déi hire Sound fir d'Vrecken net wëlle bëssen oppoléieren an och guer net an d'Medie kommen.. Wat hien vun där Approche hält a firwat si net grad esou réi kléngen an awer och net sou poléiert wéi z. B. Cradle of Filth, erkläert de sympathesche Schwed am Interview och. De 5. Januar kënnt den neien Album vun der schwedescher Black Metal Band eraus.

Release vun der Woch: Autopsy - Puncturing the Grotesque (7,5/10)

D'Death Metal Ikone vun Autopsy sinn den Ament esou kreativ wéi nach ni virdrun. Nodeems se well 2014 an 2015 neit Material erausbruecht hunn, ass et lo schonn nees sou wäit a bréngen nieft enger Split EP mat Bloodbath nees eng nei EP mat 6 Stécker eraus. Mat deem bis dato wuel interessantesten an brutaalstem Material ass Puncturing the Grotesque a Monster vun enger Scheif, bei där een net anescht kann wéi ze headbangen an ze moschen.

Net nëmme liwweren d'Amerikaner tonne gäiler Riffer, ma trieden och mat enger Iwwerzeegung op, déi een an all Nout eraushéiert. Si wëssen, dass si mat zu de beschten Death Metal Bands iwwerhaapt gehéieren a mat där Autoritéit gi si och un hiert d'Spillen erun.



Mat Tracks, déi déi ganz Legacy vun der Band erëmspigelen, iwwer méi thrasheg Stécker bis hin zu Lidder, déi engem wéi eng Fauscht an d'Gesiicht fachen ass alles dobäi an et ass onméiglech sech dem Bann vum Death Metal a senger rengster Form ze entzéien.

Et ass een immense Crunch hannert der EP, déi een och dorop opmierksam mécht, dass d'Band nach laang net wëlles huet opzehalen, och wa se well eng 30 Joer ënnerwee sinn. A wa se sech esou weider entwécklen, däerfe se gär nach eng weider 30 Joer viru maachen..

Playlist

Blind Guardian - Into the Storm (Nightfall In Middle-Earth, Virgin, 1998)

Orphaned Land - Like Orpheus (Unsung Prophets And Dead Messiahs, Century Media, 2018)

Watain - Nuclear Alchemy (Trident Wolf Eclipse, Century Media, 2018)

Sinistro - Abismo (Sangue Cássia, Season Of Mist, 2018)

Legend of the Seagullmen - Shipswreck (Legend Of The Seagullmen, Dine Alone, 2018)

Black Label Society - Room Of Nightmares (Grimmest Hits, Entertainment One Music, 2018)

Autopsy - Puncturing the Grotesque (Puncturing The Grotesque, Peaceville, 2018)

Obituary - Brave (Obituary, Relapse, 2017)

Fusion Bomb - Pravda (Pravda, Independent, 2016)

Heaven's Scum - The Dead Don't Judge (Beyond Human Footsteps, Independent, 2017)

Episoden