Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Tribulation & Accuser

Tribulation & Accuser

Tribulation

De 26. Januar 2018 kënnt den neien Album vun der schwedescher Blackened Gothic Melodic Death Metal Band Tribulation eraus, Down Below. Grond fir mam Bassist Johannes ze telephonéieren an hie bëssen iwwert den neien album auszequetschen. Haut hunn ech de Bassist vun der düsterer schwedescher Metal Band Tribulation am Interview, an deem mir virun allem iwwert den neien Album geschwat hunn, deen am Januar erauskënnt. Am Review hunn ech haut den neien Album vun Accuser, deen de 26. Januar erauskënnt.

Release vun der Woch: Accuser - The Mastery (7/10)

Accuser hate schonn ëmmer eng speziell Plaz am Metal Canon als Band, déi ëmmer perfekt dat representéiert huet, wat déi méi rezent däitsch Thrash Metal Zeen sou gutt gemaach huet. Deemno ass d'Miesslat ëmmer zimlech héich, wann een neien Album vun den däitschen Thrasher usteet.

An hiert neit Wierk The Mastery, wat de 26. Januar bei Metal Blade erauskënnt, ass nees e Stéck kompromësslosen zermalmenden däitschen Thrash Metal, déi d'Kraaft vum Genre perfekt versteet a méi wéi nëmmen een Augenzwinkern un d'Bay Area Zeen ze bidden huet.



An dat ass et och, wat esou Bands wéi Accuser ausmécht. Den Afloss vun der Bay Area Zeen ass sou déif verwuerzelt, dass e wonnerbare Mix aus grousse Chorussen an dem old school Geriffs Geshredds a Gesolos à la Kerry King entsteet

Bombastesch an ouni Angscht ze iwwerdreiwen, ass The Mastery een Album, bei deem een net anescht kann wéi ze headbangen. Tracks wéi The Real World hunn een immens houfrege Vibe a komme voller Iwwerzeegung eriwwer a ginn dem Album e Gefill vu Autoritéit, dat ee mat jonke Bands éischter seelen huet. The Mastery huet alles, wat ee vun Accuser 2018 erwaart, an nach méi.

Playlist

Pantera - Revolution is my Name (Reinventing The Steel, Elektra, 2000)

Scarlet Anger - Awakening of the Elder God (Freak Show, Hänsel und Gretel, 2016)

Tribulation - The Lament (Down Below, Century Media, 2018)

Watain - Sacred Damnation (Trident Wolf Eclipse, Century Media, 2018)

Mindpatrol - Tentatio Utopiae (Vulture City, Independent, 2017)

Audrey Horne - Audresistance (Blackout, Napalm, 2018)

Accuser - Mission: Missile (The Mastery, Metal Blade, 2018)

Kreator - Hail To The Hordes (Gods Of Violence, Nuclear Blast, 2017)

Fusion Bomb - Beertroopers Of Death (Pravda, Independent, 2016)

Episoden