arrow_back_ios
Kultur
Scho 60 Projete fir d'Joer vum Kulturierwen
2018 ass europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine. An deem Kontext huet de Kulturministère d'lescht Joer en Opruff lancéiert, fir Projeten déi sech mam lëtzebuergeschem Kulturierwen auserneesetzen. Gëschter huet d'Coordinatrice vum Europäesche Joer vum Kulturierwen zu Lëtzebuerg Beryl Bruck de Projet presentéiert, zesumme mam Kulturminister Xavier Bettel, mam Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt a mat Vertrieder vu verschiddene Projeten.