Konferenzen
The way out (1. Deel)
Den internationale Colloque hat sech mat de Mikrogeschichte iwwer d'Flucht aus Nazi-Däitschland, an der 1930er Joren a während dem Krich, aus verschidde Perspektiven, auserneegesat. Heibäi goufen déi perséinlech Schicksaler op eng nei Manéier suivéiert an d'Aart a Weis ënnersicht, wéi d'Relatiounen tëscht de jiddesche Migranten an de staatlechen Administratioune waren. Individuell Experienze kennen esou an ee méi breede sozialen a politeschem Kontext gestallt ginn. Dës Approche ass een Deel vun engem groussen historiographeschen Trend, der Mikrogeschicht.
An der Emissioun Konferenzen beliichte mir, an zwee Deeler, déi verschidde Beiträg vum Colloque aus Lëtzebuerger Siicht.
Am éischten Deel schwätzt ënnert anerem déi fréier Direktesch vum Nationale Literaturzentrum (CNL), Germaine Goetzinger, iwwer: "Mischehen jüdischer Emigranten in Luxemburg". Der Historikerin, Renée Wagener, hir Konferenz ass iwwerschriwwen: "Pour des raisons d'opportunité - une famille juive en quête de refuge au Luxembourg face à l'attitude de l'administration".
Germaine Goetzinger © Université du Luxembourg
Renée Wagener © Université du Luxembourg
Zum Schluss héiere mir vum Organisateur, dem Historiker Denis Scuto, vum "Lëtzebuerger Zentrum fir Zäit- an digital Geschicht", eng Aschätzung iwwer déi verschidden Aspekter, déi duerch d'Mikrogeschicht, an am Allgemengen, bei dësem Colloque erauskoumen.
Denis Scuto, Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) © Université du Luxembourg
Den zweeten Deel (11.02.2018) behandelt dës Themen: "Die NS Arbeitsverwaltung holt die Geflüchteten und Emigranten ein - Verfolgung, Zwangsarbeit und Entschädigung am Beispiel Luxemburg" (Wolfgang Schmitt-Koelzer) an "L'administration du chaos: Le rôle d'Albert Nussbaum dans l'organisation de la route d'évacuation de Lisbonne, août 1940 - mars 1942" (Vincent Artuso).
De Colloque gouf organiséiert vum Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.