Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Gendel & Fabiano do Nascimento - Poeira

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Avatar - Avatar Country (8/10)

Wann et ëm Konzeptalbume geet, méch déi schwedesch Band Avatar, vun deenen ech ëmmer soen, dass se Zirkusmetal maachen, keng Kompromësser. A wann ech Zirkusmetal soen, dann ass dat op kee Fall negativ gemengt, den Zirkus gehéiert nämlech carrément zu hirem Konzept, virun allem, wann et ëm hiert Ausgesinn an hiert Optriede geet.

Nodeems hire leschten Album Feathers And Flesh ronderëm eng franséisch Fabel iwwert eng Eil opgebaut war, déi géint d'Welt an de Krich gezunn ass, fir ze verhënneren, dass d'Sonn nees opgeet, huet d'Band sech fir hiren aktuellen Album Avatar Country, deen haut bei E1 Music erauskomm ass, grad esou eng verréckt Geschicht afale gelooss, och wann et op den éischte Bléck net xtrem verréckt wierkt. Wat op den éischte Bléck opfält ass, dass et ëm e Kinnek vum Avatar country ze goe schéngt; ëmmerhin hunn Avatar d'Wuert King am Titel vun all Stéck vum Album.. Wann ee sech d'Tracklist awer ukuckt, kënnt et engem fir, wéi wann een d'Rezept fir eng Katastroph géif liesen an et mécht engem Loscht erauszefannen, wéi d'Band d'Geschicht ronderëm dee Kinnek erziele wäert.

Dobäi ass et relativ séier kloer, dass d'Schweden hir nei Geschicht wéi gewinnt mat Finesse, Humor a mat exzellentem musikaleschem Kënne presentéieren.



Schonn alleng den éischten Track Legend of the King huet eng Mass un harmoniséierte Riffer opweises an eng musikalesch Sektioun, déi Iron Maiden Harmonien an näischt nostinn, iert et mat The King Welcomes You To Avatar Country éischter a Richtung Devin Townsend geet.

De Frontmann Johannes Eckerström bréngt d'Melodië vu senge Vocals am Stéck A Statue Of The King op onerwaart Plazen, währenddeems de Rescht vun der Band hir klassesch Metal, Blues an Thrash Aflëss op de Punkt bréngen, fir en eenzegaartegen Album ze schafen, op deem iwwerdeems och zwee instrumental Tracks ze fanne sinn.

Et ass vläicht keen Album fir jiddereen, ech ka mer virstellen, dass et deem engen oder anere awer nach ze vill Tralala ass, mä et ass tralala, deen extrem gutt gemaach ass.. Mir lauschteren eis op alle Fall elo déi neiste Single un, hei sinn Avatar mat The King Wants You.

Playlist

Metallica - The God That Failed (Metallica, Elektra, 1991)

Exumer - Fire & Damnation (Fire & Damnation, Metal Blade 2012)

Extinction A.D. - In The Wake Of Uprising (In The Wake Of Uprising, Good Fight Music, 2018)

Visigoth - Warrior Queen (Conqueror's Oath, Metal Blade, 2018)

Mammoth Grinder - Superior Firepower (Cosmic Crypt, Relapse, 2018)

ILSA - Hikikomori (Corpse Fortress, Relapse, 2018)

Avatar - The King Wants You (Avatar Country, Entertainment One Music, 2018)

Forge - Agony (Dark, Independent, 2018)

Beast in Black - Zodd the Immortal (Berserker, Nuclear Blast, 2017)

Bleeding Gods - Tripled Anger (Dodekathlon, Nuclear Blast, 2018)

Iced Earth - Ghost Dance (Awaken The Ancestors) (Incorruptible, Century Media, 2017)

Episoden