Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Corrosion Of Conformity

Corrosion Of Conformity

Desdemonia

8 laang Joer huet et gedauert.. 2010 ass de leschten Album vun Desdemonia erauskomm, den 23. Mäerz kënnt den Nofolger "Anguish" endlech bei Mighty Music eraus.. Den 12. Januar gouf et mat der éischter Single "Endless Fight" en éischte Virgeschmaach.



Release vun der Woch: Corrosion Of Conformity - No Cross No Crown (7,5/10)

D'North Carolina Metaller vu Corrosion of Conformity sinn haut nees zréck mat engem neien Album. No Cross No Crown - dat ass den éischten Album an 12 Joer mam Gittarist a Sänger Pepper Keenan vun Down. An e kléngt, wéi wa keng Zäit vergaange wier zënter hien d'Band 2006 verlooss hat.

Ganz kloer erkennt een och, dass d'Band um neien Album d'Rad net nei erfënnt, mä dass si sech staark un hiren eegene fréiere Wierker, wéi z .B. Deliverance oder Wiseblood insipréiert hunn, wat virun allem dorun ze erkennen ass, dass de Keenan an Weatherman nees interessant Double Gittar Action ze bidden hunn.

Alleng d'Riffer gekuckt, woen ech souguer ze behaapten, dass No Cross No Crown, deen och ferm vu Black Sabbath an / oder Thin Lizzy beaflosst ass, hire bis dato beschten Album ass. Hiren typesche südlännesche Sound huet d'Band dobäi och net verluer a sinn och nach e Stéck méi technesch besser ginn.



Och de Songwriting allgemeng weess ze beandrocken, mat sengem Mix aus dem typesche southern metal à la Cast The First Stone an A Wolf Name Crow a méi luesen, sludgegen Tracks wéi Old Disaster an A Quest To Believe, tëscht deenen et melodesch an instrumental Interludes gëtt.

Ganz perfekt ass den Album awer och net. Déi zweet Halschent fillt sech däitlech méi schwaach un, wéi déi éischt, dorënner leider och den Titeltrack No Cross No Crown, dee sech mat senger Ambiance an den Hannergrondgeräicher bëssen deplacéiert unhéiert. Donieft gëtt et och manner catchy Hooks..

Alles an allem ass et awer een Album, deen de Fans vun der Band dierft gefalen an och aner Leit dierft dozou motivéieren, sech méi mat der Band auserneenzesetzen.

Playlist

At The Gates - Terminal Spirit Disease (Terminal Spirit Disease, Peaceville, 1994)

Reject the Sickness - My Ire (The Weight Of Silence, Mighty Music, 2018)

Desdemonia - Endless Fight (Anguish, Mighty Music, 2018)

Pestilence - Non Physical Existent (Hadeon, Hammerheart, 2018)

Judas Priest - Lightning Strike (Firepower, Columbia, 2018)

Bleeding Gods - Dodekathlon (Dodekathlon, Nuclear Blast, 2018)

Corrosion Of Conformity - Wolf Named Crow (No Cross No Crown, Nuclear Blast, 2018)

Hooded Menace - Sempiternal Grotesqueries (Ossuarium Silhouettes Unhallowed, Season Of Mist, 2018)

Gatecreeper - War Has Begun (Split EP, Relapse, 2018)

Cosmogon - THOOORRRSSSGGGOOORRRP (Chaos Magnum, Independent, 2014)

Батюшка - Ектения́ IV Mилость (Litourgiya, Witching Hour Productions, 2015)

Episoden