Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Blue Lake - Dallas

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Black Label Society

Black Label Society

Release vun der Woch: Black Label Society - Grimmest Hits (7,5/10)

De Zakk Wylde, deem seng Carrière jo steil an d'Luucht goung, wéi hien als Gittarist fir dem Ozzy Osbourne seng Solo Band engagéiert gouf, huet haut mat senger eegener Band Black Label Society nees en neien Album umStart. Grimmest Hits nennt e sech an et ass am Fong geholl en eenzegen décke fetten Tribute u Black Sabbath.

Op Stécker wéi All That Once Shined, Disbelief, Bury Your Sorrow, oder A Love Unreal verbanne Black Label Society Doom a Blues mat engem kräftegen Aenzwinkern u Black Sabbth, och wann de Zakk Wylde net wierklech ëmmer dem Ozzy seng Stëmm trëfft.. Wat awer och net dramatesch ass.

Op Trampled Down Below grooven dem John DeServio seng perkusiv Basslines fett a bidden dem Zakk Wylde eng perfekt Virlag fir drop ze sangen a fir natierlech dat ze maachen, wat en am beschte kann, nämlech schredde bis zum geht nicht mehr.



Den atmosphäreschen Toun geet iwwer an d'Stéck Seasons Of Falter, wat ganz gemitterlech um Réckrat vum Jeff Fabb sengem Gedrumms trëppelt, während The Betrayal dem Album zum richtege Moment nees eng blueseg Bomm liwwert.

Mat hiren ustiechende Glides sinn The Only Words an The Day That Heaven Had Gnoe Away zee instant Klassiker an d'Single Room of Nightmares rappt mat sengem Groove och nees den Hierk vum Teller a bei Illusions od Peace ass den Drummer Jeff Fabb mat sengem zermalmende Rhythmus Ugangs nach méi präsent wéi de Zakk selwer, gëtt mam Zakk sengem enorme Geriffs a senge feierege Soloen an der Gitt gehal.

Wéi scho gesot ass Grimmest Hits en Hommage u Black Sabbath, ma et ass nach ëmmer genuch BLS dran, dass en och als BLS ALbum kann duerchgoen.. Normal, wann dem Ozzy Osbourne säi Gittarist de selwechte Mann ass wéi deen, ede BLS féiert.

Playlist

Black Sabbath - Killing Yourself To Live (Sabbath Bloody Sabbath, WWA/Vertigo, 1973)

Audrey Horne - Satellite (Blackout, Napalm, 2018)

Allegaeon - 1.618 (Single, Metal Blade, 2018)

Accuser - Time For Silence (The Mastery, Metal Blade, 2018)

Hamferð - Stygd (Támsins likam, Metal Blade, 2018)

Kings Will Fall - Toxic War (Thrash Force.One, Independent, 2017)

Black Label Society - All That Once Shined (Grimmest Hits, Entertainment One Music, 2018)

Legend of the Seagullmen - The Fogger (Legend Of The Seagullmen, Dine Alone, 2018)

Estate - Winter Kindgom (Mirrorland, Mighty Music, 2018)

Visigoth - Outlive Them All (Conqueror's Oath, Metal Blade, 2018)

God Dethroned - Soul Capture 1562 (Bloody Blasphemy, Metal Blade, 1999)

Episoden