Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ We Sell The Dead & Tribulation

We Sell The Dead & Tribulation

We Sell The Dead

De Gittarist vun In Flames, Niclas Engelin huet sech e Kandheetsdram erfëllt a seng eegen, e bëssi méi doomeg Band gegrënnt.. We Sell The Dead nenne se sech, den 23. Februar kënnt hiren Debutalbum "Heaven Doesn't Want You And Hell Is Full" bei earMusic eraus. Wat et mam Numm vun der Band a vum Album op sech huet, a wat ee musikalesch, sou wéi och visuell vun der Band erwaarde kann - dat ass nämlech eng vun hiren Ukënnegungen, dass och visuell eppes soll gebuede ginn - hunn ech probéiert am Interview mam Gittarist erauszefannen.

Release vun der Woch: Tribulation - Down Below (9/10)

Mam Erfolleg, deen Tribulation mat hirem leschten Album Children of the Night hate, ass et verständlech, dass den Drock net kleng war, fir nach emol esou e staarken Album ofzeliwweren. Ëmmerhin war den Album, dee virun 3 Joer erauskoum, deen Album, deen d'Band nei definéiert huet an de Schweden eng Perséinlechkeet ginn huet..

Ganz kuerz gesot: Down Below, de 4. Album vun der Band, deen haut erauskomm ass, ass nees e Bombast ginn, deen ouni Problemer mat sengem Virgänger ka mathalen. Verwinnen deet eis d'Band mam Tribulation Markenzeechen, dee virun allem aus onheemleche Melodien a catchy Hooks besteet

Den Album fänkt mat der éischter Single un, déi virun e puer Wochen erauskomm ass, "The Lament", an mierkt ee well direkt, dass een et mat enger Band ze dinn huet, déi sech op all Niveau weiderentwéckelt huet an et resuméiert extrem gutt, wat um Rescht vum Album op ee waart - douce Schéinheet, déi enger Faszinatioun fir düsteres a morbides géintiwwersteet. Wat dobäi och opfält ass déi extrem propper Produktioun, duerch déi een all eenzel Nout an esouguer den zouenen Hi-Hat héiert an dat ouni u Boshaftegkeet ze verléieren.



Wéi gewinnt huet och dem Sänger Johannes Andersson seng Stëmm genee de richtege Level u Grobheet fir der Band hiren heavy Sound ze fronten, awer net sou vill, dass ee kee Wuert méi versteet.

Et sinn iwwerdeems méi Gittar Harmonien um Album vertrueden, wéi dat jeemools de Fall war, grad esou wéi Hooks, déi ee sech wonnerbar ka virstellen an enger Arena matzesangen.. Sou z. B. op den Tracks Nightbound oder Lady Death. Wat bei de Stécker Subterranea, Lacrimosa oder Here Be Dragons extrem gutt eriwwer kënnt, dat ass d'Aart a Weis vun der Band fir eng düster Ambience ze schafen.

Playlist

Slayer - Raining Blood (Reign In Blood, Def Jam Records, 1986)

Samael - Rite of Renewal (Hegemony, Napalm, 2017)

We Sell The Dead - Echoes Of An Ugly Past (Heaven Doesn't Want You And Hell Is Full, 2018)

Mammoth Grinder - Blazing Burst (Cosmic Crypt, Relapse, 2018)

Benighted - Leatherface (Necrobreed, Seasons Of Mist, 2017)

Between The Buried And Me - Condemned to the Gallows (Automata I, Sumerian, 2018)

Tribulation - Lady Death (Down Below, Century Media, 2018)

Primordial - Stolen Years (Exile Amongst The Ruins, Metal Blade, 2018)

Accept - Balls To The Wall (Balls To The Wall, RCA/Portrait, 1983)

Episoden