Kultur
Joseph Roth a Stefan Zweig
D'Schachnovelle an de Radetzkymarsch gehéieren sécherlech zum Kanon vun der Weltliteratur. De Stefan Zweig an de Joseph Roth, méi verschidde kënne bal keng zwee Mënsche sinn, huet eng déif Frëndschaft verbonnen, déi och an den grausamen Turbulenzen vum Muechtergräifen vun den Nationalsozialisten, eng besonnesch Wichtegkeet hat. Iwwer dës Frëndschaft, hiert Liewen awer och hier Literatur huet sech d'Valerija Berdi mam Direkter vum Stefan Zweig-Centre vu Salzburg, dem Dr. Klemens Renoldner ënnerhalen. Gelies ginn och Auszich aus de Korrespondenzen vun den zwee befrënn Schrëftsteller.