Kultur
Album Bespriechung: Hanna Benn - Divide
D'Hann Benn impressionnéiert eleng schonn um Blat. Aus hirem CV kristalliséiert sech eng experimentell an zerebral Kënschtlerin eraus déi a ville Beräicher Erfahrung gesammelt huet. Ob dat d'Kompositioun vun enger 5-Stonnen Oper ass, d'Sträicher Arrangementer um zweete Fleet Foxes Album oder eng Zesummenaarbecht mat Son Lux, d'Madamm aus dem Midwest léisst sech schwéier anengen.
Op hirem Debut "Divide" deen elo den 19. Januar erauskënnt, liwwert d'Hanna Benn 4 mysteriéis Stécker déi ganz minutiéis verschafft goufen. Hiren Hannergrond a Chouer Musek kënnt staark zum Virschäin. D'Stëmm ass immens definéiert an di lëfteg Arrangementer zéien engem de Buedem ënnert de Féiss ewech.
Presentéiert vum Jamie Reinert.