Kultur
Janis Joplin, Gléck an Ongléck louchen no beieneen
Janis Joplin, déi gréissten wäiss Bluessängerin déi et jeemools gouf, hätt haut op den Dag 75 Joer kritt. Janis Joplin ass awer den 4 Oktober 1970 am Alter vun nëmmen 27 Joer un de Suite vun enger Iwwerdosis Heroin gestuerwen. Op der Bühn huet Janis Joplin duerch hire Charisma a virun allem duerch eng eenzegaarteg Stëmm jiddereen iwwerzeegt an mat gerappt. Privat war Janis Joplin awer een Mënsch deen alleng war, a sech just um Alkohol an un den Drogen upaken konnt. Et kéint een soen dass d'Zäit vum gréisste Succès fir Janis Joplin och d'Zäit vun hirem latenten Suicide war.