Presserevue
Presserevue
"Besser Zäite fir de Fonds du Logement", esou iwwerschreift d'Lëtzebuerger Wort haut den Artikel op senger Titelsäit, iwwert déi nei Presidentin vun der ëffentlecher Wunnengsbaugesellschaft Diane Dupont. Déi schwiereg Zäiten, déi de Fong zënter der Ofsetzung vum Laangszäitpresident Daniel Miltgen am Fréijoer 2015 duerchlieft huet, sollen elo en Enn hunn.
Am Lëtzebuerger Journal kommentéiert de Pascal Steinwachs déi aktuell Situatioun an der Flüchtlingspolitik.
Am Leitartikel an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land analyséiert de Romain Hilgert den neien Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot iwwert d'Produktivitéit.
Déi national Press presentéiert vum Serge Kesseler.