Kultur
Fir d'Schéinheet ënnert d'Messer, wat bréngt dat?
Jidderee vun eis huet jo d'Bild vun de sëlleche Schauspiller a soss Prominenten am Kapp, déi, fir ee vun der Gesellschaft diktéierten Ideal, op ästhetesch Chirurgie zréckgräifen. Den Alter an d'Schéinheet si meeschtens Grënn, firwat Mënsche fräiwëlleg u sech schnëppele loossen, mat engem, an da si mir nees bei de Biller, meeschtens grujelege Resultat. An genee dee Sujet huet den däitschen Auteur an Dramatiker Marius von Mayenburg a sengem Theaterstéck "Der Hässliche" verschafft. E Stéck, dat den Théâtre Ouvert elo an der franséischer Iwwersetzung an enger Mise en scène vun der Fabienne Zimmer mam Titel "Le moche" op d'Bühn bréngt. De Jean Claude Majerus informéiert.