arrow_back_ios
Kultur
D'Sandra Biwer am Kulturhaus Nidderaanwen
Zënter gutt zéng Joer stellt déi fräischaffend Kënschtlerin a Konscht Vermëttlerin Sandra Biwer regelméisseg zu Lëtzebuerg an an der Belsch aus. An hiren abstrakte Molereien a schwaarzwäiss hannerfreet si den Akt, respektiv de Geste, vum Zeechnen. An hire Skulpture beschäftegt si sech mat der Fro, wat tëscht der Zwee- an der Dräidimensionalitéit läit. Eng Rei vun hiren Äntwerten dorop presentéiert d'Sandra Biwer bis den 9. Februar am Kulturhaus Nidderaanwen. D'Kerstin Thalau war kucken.