Kultur
De Fall René Deltgen
1927 ass dem jonke Lëtzebuerger Schauspiller seng Karriär an Däitschland ugaangen, wou hien bis 1943/44 ville Bühnen an a sëlleche Filmer matgespillt huet. 1945 ass ze Lëtzebuerg de Prozess géint de René Deltgen ugaangen. Him gouf reprochéiert, d'Lëtzebuerger Vollek opgeruff ze hunn, sech fir den "Anschluss" un dat "Drëtt Räich" anzesetzen...
De Marc Limpach huet d'Dokumentatioun iwer de René Deltgen zesummegestallt, déi den Schauspiller Ulrich Kuhlmann op der Bühn vum Kasemattentheater gelies huet. Hien gouf dobäi vum Pol Belardi musikalesch begleet. E Bäitrag vum Valerija Berdi.