arrow_back_ios
Kultur
Der Fanny Weinquin hir Selectioun fir de PARS
Nächst Woch gëtt fir déi 13. Kéier de Konschtpräis Robert Schuman verginn. Dofir selektionéiert an de véier Quattropole-Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier all kéiers ee Curateur véier Kënschtler. D'Konschtwierker vun de 16 Artiste gi bei dëser Editioun zu Metz presentéiert, an de Beschten ënnert hinnen den 18. Januar ausgezeechent. De Christian Mosar wollt vun der Curatrice fir Lëtzebuerg, der Fanny Weinquin, méi iwwert hire Choix gewuer ginn.