Klassik aktuell
Eng aussergewéinlech Saison
D'Saison 2017/2018 ass eng aussergewéinlech Saison fir de Perkussionist Christophe Sietzen, deem seng Carrière e weideren, fermen Ustouss krut. Als Rising Star vun europäesche Concertsheiser trëtt de Christophe Sietzen bannent e puer Méint op deene prestigiéiste Plazen op. Seng CD-Produktiounen als Solist an och mat sengem Wave-Quartet kruten an der Press nëmmen déi bescht Kritiken, a béid Produktiounen goufen fir d'International Classical Music Awards nominéiert. Et leeft deemno richteg gutt fir de Christophe Sietzen, deen d'nächst Woch an der Philharmonie optrëtt, déi hien als Rising Star nominéiert hat. De Guy Engels am Gespréich mam Museker.