arrow_back_ios
Kultur
Bis elo onverëffentlëcht Erzielunge vum Hans Fallada
D'lescht Joer waren et 70 Joer, datt den däitschen Auteur Rudolf Ditzen, alias Hans Fallada, un de Suitte vu senger Drogesucht gestuerwen ass.
Fir dëst Joer huet de Peter Walther, deen d'lescht Joer eng vill geluefte Biographie iwwer den Hans Fallada publizéiert huet, e Wierk zesummegestallt, an deem eng Rei bis haut onverëffentlecht Geschichte vum Hans Fallada dra stinn. D'Buch heescht "Junge Liebe zwischen Trümmern" a koum am Aufbau Verlag eraus. D'Nathalie Bender mat weideren Detailer.