arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Raritéit
"Djamileh" vum Georges Bizet ass eng Raritéit: op der Operebühn an och am Diskekatalog. No laange Jore gëtt et elo eng nei Opnam vum Bizet senger komescher Oper, e konzertante Live-Matschnëtt am Kader vum 21. Beethoven-Ouschter-Festival zu Warschau. Et war déi polnesch Première vun der Oper, déi zënter hirer Uropféierung Schwieregkeeten hat, sech duerchzesetzen.