arrow_back_ios
Aktuelles
SOS Détresse: 4.500 Telefonsuriff a 700 Hëllefsdemandë via Mail
De Service SOS Détressse hëlleft Mënschen, déi mat hire Problemer net méi eens ginn. Zënter véier Joer besteet, nieft der Méiglechkeet anonym um 45 45 45 unzeruffen, och ee Mailservice, wou een, genee sou anonym, Rot an Ënnerstëtzung kann ufroen. 4.500 Appeller krut een d'lescht Joer (2017) um Telefon 45 45 45 a via d'Adress www.454545.lu si 700 Hëllefsdemandë via Mail un SOS Détresse geschéckt ginn. Detailer vun der Marcelle Walch, Chargée de direction, am Gespréich mam Gilles Wunsch.