arrow_back_ios
Kultur
Al Meeschter an der Sammlung vum MNHA
Den Antwerpener Musée Royal des Beaux-Arts ass bis Enn 2019 wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dovunner profitéiert den Ament ënnert anerem eisen Nationalmusée. Déi aktuell MNHA-Ausstellung "Drama and Tenderness - Flammännesch, spuenesch an italienesch barock Meeschterwierker" presentéiert Konscht aus der hausinterner Sammlung, mä och grad esouvill Tableaue vun Antwerpen. D'Kerstin Thalau wollt vum MNHA-Direkter Michel Polfer méi iwwert d'Zesummesetzung vun hirer Collectioun gewuer ginn.