arrow_back_ios
Blue Note
Den Jazz viru 50 Joer
Ermuerdunge vum Martin Luther King a Robert Kennedy, Studenterevolten, nach ëmmer Krich am Vietnam, Prager Fréijoer, 1968 war politesch en opgewullte Joer, an den Jazz war dat deemools och, et gouf vill Freejazz, et ass awer och nach ëmmer traditionell gespillt ginn. De Jitz Jeitz mécht e Réckbléck op d'Jazzalbe vun 1968 mat ë. a. Musek vu Miles Davis, Herbie Hancock, Mc Coy Tyner, Cecil Taylor, Don Cherry, Horace Silver a Louis Armstrong.