arrow_back_ios
Aktuelles
Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur
14 KandidatInnen hunn 2016/2017 d'Formatioun Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur am Institut national des langues (INL) ofgeschloss a sinn elo habilitéiert, Lëtzebuergesch-Course fir Erwuessener ze ginn. D'Demande, Eis Sprooch ze léieren, ass an de leschte Jore permanent gewuess, an et gëtt net méi genuch Enseignanten, fir esou Coursen ze halen. D'Karin Pundel, d'Direktesch vum INL, gëtt Detailer am Gespréich mam Gilles Wunsch.