arrow_back_ios
Kultur
Den Edward Steichen a seng Zäitgenossen (Rediff)
An der Villa Vauban verdäitleche 44 Fotografien, déi eelst vun 1898, déi jéngst vun 1959, d'Entwécklung vum Edward Steichen ewech vun engem kënschtlereschen, an hin zu engem kommerzielle Fotograf. D'Opname gehéieren zënter 1980 zum Fong vun der Stad Lëtzebuerg. D'Ausstellung Time Space Continuum bitt doriwwer eraus eng Géigeniwwerstellung vum Edward Steichen mat anere Kënschtler vu senger Zäit. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Conservatrice vun der Villa Vauban, der Gabriele Grawe.