arrow_back_ios
Kultur
Guantanamo Konscht
Bis Enn Januar ginn zu New York Konschtwierker aus dem Prisong vu Guantanamo op Kuba ausgestallt. Si sollen en Abléck an d'Gedankewelt vun deenen, déi d'US-Regierung als Terroristen a Massemäerder bezeechent, bidden. Zum Beispill den Aquarell "Vertigo op Guantanamo" vum Ammar Baluchi, ee vun de méiglechen Drotzéier vun den Terrorattaque vum 11. September 2001. Explikatioune Kerstin Thalau.