arrow_back_ios
Kultur
Barbara Jatta, Directrice vun de vatikanesche Muséeën
"Neit Joer, nei Directrice, neie Site: déi vatikanesch Muséeën hunn 2017 mat vill frëschem Wand de Betrib opgeholl", houscht et virun engem knappe Joer op Radio Vatikana. Dat war eng Nouvelle: eng Fra un der Spëtzt vun de vatikanesche Muséeën! Dat war net just fir vatikanesch, mä och fir international Verhältnisser nei. Déi meescht Nationalgalerien an Europa hu männlech Direkteren. D'Kerstin Thalau verréit, wéi d'Barbara Jatta sech an hirer 1. Saison geschloen huet.