arrow_back_ios
Klassik aktuell
Fir den Optakt geet et op Wien
![on the headlines](/legacy/images/25514/image-thumb__25514__base_thumbnail/H.88a2588d.jpg)
Mat engem Tour op Wien am 17. an 18. Joerhonnert fänken e Sonndeg d'Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette un. Den Optakt an der Porkierch zu Lëntgen mécht den Ensembel Les Goûts réunis, den Ensembel vum Festival, dee sech aus Lëtzebuerger a kanadesche Museker zesummesetzt. Um Programm sti Wierker vu Biber, Vanhal a Monn.