arrow_back_ios
Kultur
Réckbléck 2017: Zéng Joer Centre culturel opderschmelz
"Dudelange, on dirait le Sud" oder "Liewe wéi am Süden" ass de Slogan vun Diddeleng. Zu der südlecher Stëmmung dréit bestëmmt och déi kulturell Offer vun der Stad bäi. E wichtegen Acteur ass dobäi de Centre culturel Opder Schmelz, deen dëse Wanter - ënnert senger aktueller Form - zënter zéng Joer besteet. D'Kerstin Thalau kuckt mat den dräi Direkteren op déi vergaange Decennie zréck.