arrow_back_ios
Kultur
Ronit Matalon
An hire Wierker huet d'Ronit Matalon ëmmer e ganz facettëräich a kritescht Gesellschaftsbild vun Israel gezeechent. An den 90er Joren huet si Reportagen aus Palestina fir déi lénksliberal israelesch Zeitung Haaretz gemaach, déi elo och d'Informatioun iwwert hiren Doud publizéiert huet.
Fir hire leschte Roman "And the Bride Closed the Door" gouf si mam renomméierte Brenner-Präis ausgezeechent, dee vum hebräesche Schrëftstellerverband vergi gëtt. D'Valerija Berdi iwwer d'Schrëftstellerin an e puer vun hire Romaner.