arrow_back_ios
Aktuelles
Dem Handwierk zu Lëtzebuerg geet et gutt
2017 war e gutt Joer fir d'Handwierk, esou den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Handwierkerkammer. Wann een elo spezifesch op de Bausecteur kuckt, louch an de Krisejoren 2009 bis 2013 de Carnet de Commande an der Constructioun bei véier Méint. An den éischten dräi Trimestere vun 2017 variéiert de Carnet de Commande tëscht 5,8 a 6,5 Méint, seet den Tom Wirion am Interview mam Armanda Scheuer.