Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - In A Dream

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Boomer XYZ

Boomer XYZ

Véier Artisten - véier Generatiounen - Boomer XYZ - All Generatioun ass vun der Gesellschaft, an där si opwiisst, gepräägt. Waren d'50er a 60er Jore vum Wuesstem an alle Hisiichte beaflosst, sou koum an de 70er Joren déi ekonomesch Kris. D'80er an d'90er Joren hunn den Internet ervirbruecht an zanterdeem si mir um Wee vun enger globaler Digitaliséierung ...

Wéi liewen déi verschidde Generatioune mateneen? Wéi erliewe si sech géigesäiteg? Wat sinn d'Konflikter a wou d'Gemeinsamkeeten? Den Max Hinger an de Jorge Pinto thematiséieren dës Relatiounen an enger Zirkuspresentatioun, wou vill gedanzt a jongléiert gëtt. De Jean-Claude Majerus huet sech mam Max Hinger a Jorge Pinto vun der Compagnie MAJO ënnerhalen, sou wéi mat den zwee weidere Kënschtler, dem Jerry Simon an dem Raphaël Faramelli, déi bei Boomer XYZ mat op der Bühn ze gesi sinn.

Episoden

headphones

16 min

play_arrow

Lëtzebuerger Albumen am Réckbléck

Um Enn vum Joer 2024 verréit d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschiddene Lëtzebuerger Disken, déi iwwer d'Joer erauskoumen.
headphones

9 min

play_arrow

Kerstin Medinger - Le secret de Tadi

Wie war dësen Tadi? A wat féiert zu enger Odysee duerch Amerika?
headphones

8 min

play_arrow

D'Marie-Claude Beaud mat 78 Joer zu Toulon gestuerwen

Zil vun der MCB: D'Zesummebrénge vu verschiddene Konschtstiler a Mënschen
headphones

16 min

play_arrow
Retrospektiv 2024: Eis (perséinlech) Highlights vum Joer

Retrospektiv 2024: Eis (perséinlech) Highlights vum Joer

10 Placken, déi eist musekalescht Joer gepräägt hunn.
headphones

1 min

play_arrow
En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent

En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent

D'Relegation Sounds op Vinyl, 10 Joer no der Biennale vu Venedeg
headphones

18 min

play_arrow

1883

D'Virgeschicht vun der erfollegräicher Serie "Yellowstone".
headphones

8 min

play_arrow

Chrëschtprogramm um opus 100,7

Deen traditionelle Chrëschtconcert live aus der Philharmonie, Filmmusek aus Chrëschtdagsfilmer an dem Tschaikowksi säin “Nussknacker”: D’Ekipp vum opus 100,7 proposéiert eng ganz Rei passend Concerten.
headphones

6 min

play_arrow

Mandarine

No der Orange ass dës Kéier d'Mandarine, fir déi de Schrëftsteller Jean Portante sech op seng etymologesch Rees mécht.
headphones

11 min

play_arrow

Réckbléck op d'Lëtzebuerger Literaturpräisser

D‘Valerija Berdi kuckt op d‘Laureatinnen an d'Laureate vun de Lëtzebuerger Literaturpräisser vun dësem Joer.
headphones

5 min

play_arrow
Chrëschtdag bei Komponisten a Komponistinnen

Chrëschtdag bei Komponisten a Komponistinnen

Duerch dee grousse Choix u klassescher Musek léisst sech d’Chrëschtzäit haut angeneem verbréngen. Mee wéi war dat fréier? Wéi hunn d’Komponistinnen an d’Komponisten d’Woch vu Chrëschtdag verbruecht?
headphones

5 min

play_arrow
L'Histoire de Souleymane

L'Histoire de Souleymane

Eng Rezensioun aus dem Grousse Kino vum leschte Samschdeg
headphones

8 min

play_arrow
Um Radar - Iwwer d'Chrëschtvakanz

Um Radar - Iwwer d'Chrëschtvakanz

Iwwer d'Chrëschtdeeg gëtt et roueg an der Kulturzeen. E puer kleng kulturell Highlighte gëtt et dann awer. Den Nicolas Calmes verréit, wéi eng.
headphones

8 min

play_arrow
Chrëschtlidder mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

Chrëschtlidder mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

De radio 100,7 an opus 100,7 iwwerdroen deen traditionelle Chrëschtconcert live aus der Philharmonie.
headphones

8 min

play_arrow
Musekspräisser 2024 an der Philharmonie | © MCULT/ZENARI

Musekspräisser 2024 an der Philharmonie

De Jury huet de Präis fir d’Liewenswierk dem Komponist, Posaunist, Tenor an Dirigent Camille Kerger decernéiert, deen iwwer Joerzéngten déi Lëtzebuerger Museks- a Kulturlandschaft gepräägt huet.
headphones

12 min

play_arrow
Scian - Trying To Feel

Scian - Trying To Feel

Scian ass eng alternativ Metal-Band, déi zu Lëtzebuerg baséiert ass. Den Track, aus deem Dir en Extrait héiert, heescht “Trying To Feel” an ass nei eraus.
headphones

15 min

play_arrow
Um Radar - De Weekend

Um Radar - De Weekend

Och de Weekend viru Chrëschtdag si kulturell Evenementer geplangt.
headphones

5 min

play_arrow

headphones

8 min

play_arrow
Prix littéraires: "Le rêve du Jaguar" de Miguel Bonnefoy

Prix littéraires: "Le rêve du Jaguar" de Miguel Bonnefoy

Fir seng Familljesaga krut de Bonnefoy direkt zwee Präisser: de Prix Femina an de Grand Prix du Roman de l'Académie française. Eng Feelentscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
headphones

7 min

play_arrow
Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder

Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder

"Lidderflupp" ass den Numm vum neien Album vum Georges Urwald a gläichzäiteg vun engem Kulturprojet fir Mënsche mat Demenz.
headphones

8 min

play_arrow