arrow_back_ios
Aktuelles
Nach vill Aarbecht beim Déiereschutz
Zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer nach Déieren, déi a ganz grausame Situatioune sinn, an däers si sech net genuch Leit bewosst, seet d'Liliane Ferron aus dem Comité directeur vun der Déiereschutzliga. Et wier iwwerdeems den Ament nach ze schwéier, engem en Déier fortzehuelen, deen et net gutt behandelt. De Staat kéint dat änneren, andeems en Inspekteren astellt, déi wéi d'Police, séier ka reagéieren, seet d'Liliane Ferron am Interview mam Fanny Kinsch.