arrow_back_ios
Zäithistoriker
De Chrëschtbam vu Groussbus
D'nationalsozialistesch Besatzungszäit hat zu Lëtzebuerg och Aspekter vun engem Biergerkrich, während deem sech Lëtzebuerger wéinst Symboler géigesäiteg bekämpft hunn. Sou hunn zum Beispill Lëtzebuerger Nazien den 28. Dezember 1940 eng Expeditioun zu Groussbus organiséiert, fir d'Awunner ze bestrofen, déi et gewot haten, e Chrëschtbam mat rout-wäiss-bloe Fändelen a mam roude Léiw ze dekoréieren. De Vincent d'Artuso mat Hannergrënn.