Konferenzen
Wer den Wind sät - Was westliche Politik im Orient anrichtet
De Michael Lüders beschreift a sengem Buch, ënnert deem selwechten Titel, déi westlech Interventiounen am Noen a Mëttleren Osten a weist op déi desastréis Suitten hin, dorënner Terror, Staatsfaillite an d'Conquête vun den islamistesche Milizen. Seng Erfarungen a Recherchë si wéi e politesche Thriller - mä leider beschreiwe si d'Realitéit. Eng Geschicht erschéngt engem an engem anere Liicht, jee nodeem, wéi ee se ufänkt z'erzielen. Mir si vergiesserlech, sou de Lüders. Ob am Iran, Irak oder elo a Syrien, déi auslännesch Muechten - an net nëmme Russland, mä och de Westen a seng Alliéiert, spillen eng wichteg Roll, andeems si Konflikter ustëppelen. De Michael Lüders kuckt net nëmmen an d'Géigewaart, mä och méi wäit zréck an explizéiert Versich vum Weste vu fréier, fir Regimmer ze wiesselen.
Den Dr. Michael Lüders, Joergank 1959, huet zu Damaskus arabesch Literatur studéiert an zu Berlin Islam-Wëssenschaften, Politologie a Publizistik. Hien huet Dokumentarfilmer fir den SWR a WDR produzéiert a war laangjärege Korrespondent fir den Noen-Oste vun der Wochenzeitung Die Zeit.
E Virtrag vum 13.6.2017, enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.