Konferenzen
Religion - Kraft des Friedens oder Ursache des Krieges?
Wat hu Glawen a Gewalt, Relioun a Fridden, resp. Krich mateneen ze dinn? Dacks gëtt am Westen ugeholl, datt de Glawe virun allem am sougenannten Orient zur Radikalitéit a Gewalt ustëppelt an de Glawe fir Kricher instrumentaliséiert gëtt. Oder sinn et éischter ethnesch an ökologesch Ursaachen, déi als Ausléiser fir Kricher ugesi kënne ginn, well Reliounen dach gären als Stëfter vu Fridden an Harmonie stinn?
D'Diskussioun gouf geleet vum Prof. Wolfgang Fleckenstein vun der Luxembourg School of Religion & Society (LSRS).
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
De Kardinal Reinhard Marx, Erzbischof von München und Freising a Vorsitzender der Deutschen Bischofskonferenz. (© Willy Speicher)
De Prof. Dr. Dr. h.c. Wolfgang Huber war vun 1994 bis 2009 Bischof der Evangelischen Kirche Berlin-Brandenburg a war vun 2003 bis 2009 Ratsvorsitzender von der Evangelischen Kirche in Deutschland - EKD. (© Willy Speicher)