Kultur
Lëtzebuerger Fräiheetslidder am Kasemattentheater
Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet - de Georges Urwald huet déi Lidder nei arrangéiert an d'Eugénie Anselin, Elisabet Johannesdottir, Jean Bermes, Georges Urwald an Nataša Grujovic (Akkordeon), hu se ganz lieweg an ofwiesselungsräich op der Bühn vum Kasemattentheater presentéiert. Eng Virstellung, déi keng weider Erklärung brauch. D'Valerija Berdi huet e Pot-pourri zesummegestallt. Dofir: einfach lauschteren!
Eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Zentrum fir politesch Bildung