arrow_back_ios
Kultur
De Plesiosaurus vu Suessem
Et war schonn eng kleng Sensatioun vun dësem Joer, d'Decouverte vum Microleidus Melusinae, esou nämlech gouf de Plesiosaurus gedeeft. D'Iwwerreschter vum Mieresreptil goufe wuel scho viru 25 Joer zu Suessem fonnt, mä eréischt viru Kuerzem gouf bei Analyse festgestallt, wat dëst fir eng aussergewéinlech Decouverte war. Am Kulturréckbléck kuckt de Jean Claude Majerus op dës archeologesch Stärestonn zréck.