Kultur
D'Suzanne Cotter
No engem Joer Iwwergangsphas ass d'Suzanne Cotter Ufank Hierscht nei Direktesch vum Mudam ginn.
D'Suzanne Cotter war zënter 2013 Direktesch vum Serralves Musée zu Porto a Portugal. Virdrun war si Curatrice vum Guggenheim Projet zu Abu Dhabi. Vun 2002 bis 2009 war d'Suzanne Cotter Directrice adjointe an der Galerie fir modern Konscht zu Oxford. D'Australierin ass och Jury-Member a sëtzt am Conseil vu verschiddenen Institutioune fir zäitgenëssesch Konscht an Däitschland, Portugal, Frankräich an den USA.
An eisem Joresréckbléck komme mir op en Interview zréck, deen de Christian Mosar mat der frësch nominéierter Mudam- Direktesch gemaacht hat.