arrow_back_ios
Zäithistoriker
Damnatio memoriae
Wien huet d'Nei Bréck gebaut? Déi, déi bei der Aweiung an der éischter Rei stoungen? Deen, deen als leschte seng Ënnerschrëft ënnert d'Pläng gesat huet? Den zoustännege Minister? Oder ass si als Kollektivwierk entstanen, un deem vill Leit bedeelegt waren? An engem Prozess, deen net ouni Konflikter iwwer d'Bühn goung? Dofir haut en Hommage vum Denis Scuto un e couragéierten Ingenieur, dee fir d'éischt verdaamt an dono verdrängt gouf.