arrow_back_ios
Kultur
E glécklecht Liewen duerch Meditatioun
Meditatioun, Opmierksamkeetstraining a Yoga fannen de Wee ëmmer méi an déi westlech Kultur. Ëmmer méi Mënsche wëlle méi bewosst a lues liewen an dem Alldagsstress entgoen. De Lama Jigmé Namgyal aus dem Centre Culturel Tibetain vun Eech gëtt Meditatiounscoursen. Fir senge Schüler bäizebréngen, wéi wichteg et ass sech ze fokusséieren, huet den tibetesche Lama e Meditatiounsmeeschter aus dem Bhutan agelueden. D'Tessy Steffen Koenig huet un deem Evenement deelgeholl a sech mam Tang Rinpoche ënnerhalen.