arrow_back_ios
Kultur
Berlin en français
Wéi schreift een, wann een net a senger Mammesprooch schreift? Wat fir een Zougang huet een zu de verschiddene Sproochen a firwat? Fir d'Thema Frankräich vun der Frankfurter Buchmesse weiderzedenken, hunn zu Berlin dräi Auteuren iwwert hire Schafensprozess geschwat an aus hire Wierker virgelies: De Lëtzebuerger Jeff Schinker, de Schwäizer Yves Rosset an de Fransous Alban Lefranc. E Bäitrag vum Sarah Pepin vu Berlin.