De Sam Gendel ass virun allem als Saxophonist bekannt. An zwar als Member vum alternative Soul Museker Moses Sumney senger Backing Band. Seng Talenter ginn awer wäit iwwert dëst Blosinstrument eraus. A wéi all éiergäizege Museker probéiert hien och säi Gléck als Frontman vun engem Projet. Mat "4444" beweist hie sech als originelle Gittarist an intime Sänger.
Presentéiert vum Jamie Reinert.