Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Barry Walker Jr. - Ediacaran Moonrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Doro Pesch & Morbid Angel

Doro Pesch & Morbid Angel

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Doro

Am Oktober koum den neisten Album vum däitsche Metal Urgestein Doro eraus. Eng Compilation vun den däitsche Fan-Favorites an däitsche Versioune vun anere Klassiker, déi et soss just op Englesch gouf. An eng däitsch Versioun vum David Bowie sengem Heroes, wat jo och well vum Lemmy gecoert gi war a wat um Wacken vun de Fans gesoneg gouf.. Am Interview hu mir natierlech och doriwwer geschwat, oder och nach iwwert seng léifsten Erënnerungen un de verstuerwene Lemmy, dee jo ganz gutt mam Doro befrënd war oder iwwert dem Doro säi Verhältnis zum Wacken.

Release vun der Woch: Morbid Angel - Kingdoms Disdained (6/10)

Ob et um Manktem un Erfolleg vum leschten Album läit, sief dohi gestallt, ma fir Kingdoms Disdained si Morbid Angel nees mat engem neie Line-Up zréck, deen allerdéngs aus wuelbekannte Membere besteet. Sou ass z. B. de fréiere Sänger a Bassist Steve Tucker nees dobäi; an hannert der Batterie huet sech den Drummer vun Annihilated Scott Fuller installéiert.

Et kann natierlech gutt sinn, dass et um anere Line-Up läit, dass och de Sound vu Morbid Angel nees anescht wéi um virëschten Album ass. Um neiste Wierk hu sech d'Amerikaner nees fir typeschen, straighten old school Death Metal entscheet, ouni groussaarteg technesch usprochsvoll, awer hei an do brutal an interessant ze sinn.

Leider gëtt et där Elementer just wéineg, an d'Majoritéit vum Album lued een éischter zum gaapsen an, wéi zum Headbangen. Net well et net géif abgoen, ma well d'Riffer zimlech generesch sinn. A wann d'Band och probéiert duerch Tempo-Wiessel an ähnleches eng gewëssen Dynamik an d'Saach eranzekréien, esou ass dat plazeweis esou iwwerdriwwen, dass et u Konsistenz verléiert.



A Punkto Batterie a Gesang ass et esou, dass dës net stéieren, awer och net wierklech eng Pluvalue um Album duerstellen an och recht monoton eriwwerkommen, och wann et nach esou vill Blastbeats op der Batterie a brutal Growls vum steve Tucker gëtt.

Bësse besser gëtt et leider réischt zum Schluss mam leschte Stéck The Fall of Idols, an deem d'Band et fäerdeg bruecht huet, bësse Variatioun an dat ganzt ze bréngen an den Track duerch dat seeënd Gittar-Spill, d'Spannungn am Bass an d'Soloen interessant ze maachen.

Alles an allem ass et kee schlechten Album, allerdéngs vill ze vill 0815 fir esou eng legendär Band, déi de Genre esou matgeprägt hunn..

Playlist

Incubus - Massacre of the Unborn

Cavalera Conspiracy - Spectral War

Doro - Love's Gone To Hell

Nightland - Astralizer

Alestorm - Captain Morgan's Revenge

Morbid Angel - For No Master

August burns Red - Last Christmas

In Flames - Moonshield

Episoden