Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Mindpatrol & Blitzkrieg

Mindpatrol & Blitzkrieg

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mindpatrol


Déi jonk Lëtzebuerger Band Mindpatrol bréngt hiren 3. Album "Vulture City" eraus. Am Interview beim David Wagner ass de Frontmann Luc François.


Release vun der Woch: Blitzkrieg - Reign of Fire (7/10)


Blitzkrieg hunn zënter 2013 keen Album méi erausbruecht. 2018 wëllen d'Veterane vun der New Wave of British Heavy Metal, déi jo eng vun de Bands aus där Zäit sinn, vun deene sech Metallica beaflosse gelooss hunn an déi och och vun den Thrash Gigante gecovert gouf. An 2018 wëlle se nees endlech eng nei Scheif ënnert d'Vollek bréngen.


En éischte Virgeschmaach op dat, wat nach kënnt, kréie Blitzkrieg Fans mat der neier Duebel Single oder EP, déi sech Reign of Fire nennt a amt enger Oplag vu 500 Stéck just op Vinyl erauskënnt.




Den Titeltrack ass e regelrechte straighte Metal-Stampfer; d'Gittare ginn uerdentlech virun, Bass a Batterie liwweren dofir en zollitt Fundament an de Sänger Brian Ross, eenzeg iwwreggebliwwene Grënnungsmember, ass an Top Form


Souguer déi ganz héich Téin bereeden dem Englänner kee Problem


Op der B-Säit gëtt et mat Judge Not e weideren neie Song, deen exklusiv just op dëser Single erauskënnt. Méi am mid-tempo Beräich schléit dësen insgesamt ähnlech aus, wéi Reign of Fire. Iwwerraschend ass hei allerdéngs de coole Mëtteldeel, fir dee sech d'Band e Syntheziser ausgeléint hunn..


Blitzkrieg verstinn hiert Handwierk also ëmmer nach an d'Waarden op den nächste richtegen Album ass heimat iwwerbréckt.


Playlist


Iron Maiden - Powerslave


Audrey Horne - This is War


Mindpatrol - Her Dire Sacrifice


Corrosion of Conformity - Wolf Named Crow


Toxic Shock - Evil Presence


Windhand - Old Evil


Blitzkrieg - Blitzkrieg


Hamferd - Frosthvarv


Sepultura - Cut Throat

Episoden