Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Siri, How Do I Know If I Have Commitment Issues?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Mindpatrol

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Release vun der Woch: Mindpatrol - Vulture City (7,5/10)

Et gëtt d'Band réischt déck 5 Joer, ma hunn awer schonn duebel sou vill Opweises wéi aner Lëtzebuerger Bands, déi well duebel sou al sinn. Mindpatrol hu sech am Summer 2012 gegrënnt an hu well 2 Konzept-Albumen dobaussen, an elo an 2 Woche kënnt den drëtte Konzept-Album vun der progressiver Metal Band eraus. A sou wéi ëmmer gëtt et och fir dësen Album e Buch mat der passender Geschicht dozou. Vulture City nennt sech dat Stéck an alt nees huet sech déi jonk Band e Krack weider entwéckelt.

Dat éischt, wat engem beim Lauschteren opfält, ass de massive Sound, fir deen dës Kéier de Sebastian Levermann vun Orden Ogan veranwortlech, deen haaptberufflech Sound Engineer ass.

E gudde Krack no uewe goung et och a Punkto Gittaren, notamment wat d'Soloen ugeet, fir déi de Gittarero Miguel verantwortlech ass. An dat si fulminant a verspillte Soloen, déi wëssen ee matzerappen.

Generell huet sech och de gesamte Songwriting verbessert. Och wa Mindpatrol nach ëmmer vill verschidde Genre an hir Musek mat apaken, huet dat ganzt nach bësse méi e roude Fuedem duerch dat ganzt, wéi dat nach op de virëschten Albumen de Fall war.



An awer klappt et och net ëmmer, hei an do gëtt et awer nach ëmmer déi eng oder aner hoplerlech Iwwergäng an Harmonien, déi mat Dissonanz sollen no Black Metal kléngen, an am Endeffekt awer bësse wéi dinn an den Ouren.

Allgemeng passt mëttlerweil awer alles besser beienee, wéi nach fréier, an et gëtt och nach méi Groove an Headbanger Momenter.

Gutt verbessert huet sech iwwregens och de Gesang vum Frontmann Luc François, dee sehc no sengem Faux-Pas a Punkto cleane Gesang um 1. Album um 2. Album bëssen zréckgehalen huet, a sech lo lues awer sécher nees bëssen eruntraut.

Ma och do ass nach ëmmer Verbesserungspotential. Et ass op alle Fall derwäert sech den Album unzelauschteren an d'Band op hirer Release den 9. Dezember an der Kufa ze ënnerstëtzen.

Playlist

Black Sabbath - Children of the Grave

Hooded Menace - In Eerie Deliverance

Apophys - Deadlock

Goatwhore - Command To Destroy

Kreator - Hail to the Hordes

Machine Head - Beyond the Pale

Mindpatrol - dat neit

Day of Errors - Blasphemous at Creation

Tribulation - The Lament

Accuser - Mission: Missile

Stone Sour - Threadbare

Mastodon - Jaguar God

Episoden