Kultur
Timeless in Luxembourg
7 min
Zu Tokio, am House of Luxembourg, der Lëtzebuerger Ambassade a Japan, ass den Ament eng Ausstellung vum japanesche Fotograf Herbie Yamaguchi ze gesinn. De 67 Joer ale Yamaguchi war 1999 zu Lëtzebuerg an huet d'Land a seng Awunner fotograféiert. Dat Joer war och d'Staatsvisite vum Grand-Duc Jean beim japanesche Keeser zu Tokio. D'lescht Woch war nees eng Staatsvisite beim Keeser, dës Kéier vum Grand-Duc Henri. Fir déi Geleeënheet, hat Lëtzebuerg den Herbie Yamaguchi nees beoptraagt, fir erëm op Lëtzebuerg ze reesen, an d'Liewen am Grand-Duché ze dokumentéieren. D'Fotoen a senger Kollektioun "Timeless in Luxembourg" bestiechen duerch hir Natierlechkeet an duerch d'Freed, déi si sollen ausdrécken. D'Paule Rodesch war d'Ausstellung zu Tokio kucken.