arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Claude Lamberty
headphones
19 min
Lauschteren
play_arrow
Wéi preparéiert d'Demokratesch Partei sech op d'Chamberwahlen 2018? Doriwwer schwätze mir mam Claude Lamberty: den Zentrums-Deputéierten ass zënter Mëtt November neien DP-Generalsekretär faisant fonction. Den 22. Abrëll d'nächst Joer soll hien um DP-Nationalkongress op dësem Poste confirméiert ginn.
De fréiere Schoulmeeschter a fréiere JDL-President ass och Member vum Comité directeur a vum Exekutiv-Büro vu senger Partei.
Duerch d'Gespréich féiert de Serge Kesseler.