arrow_back_ios
Blue Note
Focus & Re-Focus
De franséische Saxophonist Sylvain Rifflet huet op senger neier Produktioun mam Titel "Re-focus" e Wierk vum Stan Getz aus dem Joer 1961 revisitéiert. Deen hat deemools ënnert dem Titel "Focus" eng aussergewéinlech Opnam, eng Zort Concerto fir Saxophon a Sträichorchester erausbruecht. Dem Sylvain Rifflet seng Approche ass ganz ähnlech, et ass awer keng Kopie. De Jitz Jeitz presentéiert a vergläicht dës zwou Opnamen.